Weltierfschaft

Schëld bei der Sichepaart an der Stad Lëtzebuerg, vum Descherwee (rue St-Mathieu) aus gesinn.

D' UNESCO-Lëscht vun der Weltierfschaft, WORLD HERITAGE, besteet aus der Weltkulturierfschaft an der Weltnaturierfschaft. Am Ganzen ëmfaasst se 788 Denkmaler an 134 Länner. Dovu si 611 Kulturdenkmaler (K) an 154 Naturdenkmaler (N), 23 Denkmaler gehéiere souwuel zur Kultur- wéi zur Naturierfschaft.

D'UNO-Ënnerorganisatioun ënnerstëtzt bei de genannte Monumenter d'Protektioun an d'Restauratioun duerch materiell an wëssenschaftlech Hëllef.

D'Grondlag dozou ass eng UNESCO-Konventioun fir d'Protektioun, déi 1972 zu Stockholm ausgeschafft gouf. Se ass 1975 a Kraaft getrueden.

Fir an déi Lëscht opgeholl ze ginn, muss wéinstens ee vun dëse Critèren erfëllt sinn:

  • Den Objet muss vun eenzegaartegem artisteschem Wäert sinn;
  • E muss staarke kulturellen Afloss op eng geographesch Regioun oder op eng Zäit hunn;
  • E muss eng grouss Raritéit sinn oder ganz al sinn;
  • E muss fir eng bestëmmten artistesch Entwécklung representativ sinn;
  • E muss fir eng bestëmmten Architekturzäit stoen;
  • E muss eng grouss Bedeitung hunn am Zesummenhang mat enger wichteger Iddi oder mat enger historescher Figur.

D'Iddi fir dëse Projet koum duerch en Opruff vun der UNESCO vum 8. Mäerz 1960, fir déi Monumenter ze retten, déi duerch de Bau vum Assuan-Staudamm vum Nil zerstéiert gi wieren.

Eemol d'Joer, normalerweis Ufanks Juli, gesäit sech den UNESCO World Heritage Committee, fir doriwwer ofzestëmmen, wat nach op d'Lëscht komme kéint.

Op d'Rout Lëscht vun der Kulturierfschaft gi besonnesch menacéiert Objeten opgeholl, souguer wann den zoustännege Staat keng Demande gemaach huet. Zanter 2004 stinn op där Lëscht 35 Denkmaler.

De Begrëff vun der kultureller Ierfschaft ("héritage") geet op den Henri-Baptiste Grégoire zréck, deen am 18. Joerhonnert Bëschof vu Blois war, an ass schonn de 14. Mee 1954 an der Haager Konventioun definéiert, déi vun den USA net ënnerschriwwe gouf.

"Damage to cultural property, belonging to any people whatsoever, means damage to the cultural heritage of all mankind, since each person makes its contribution to the culture of the world"
Other Languages
Alemannisch: UNESCO-Welterbe
azərbaycanca: Ümumdünya irsi
беларуская (тарашкевіца)‎: Сусьветная спадчына ЮНЭСКО
Boarisch: UNESCO-Wödeabe
brezhoneg: Glad bedel
客家語/Hak-kâ-ngî: Sṳ-kie Vì-sán
한국어: 세계유산
hornjoserbsce: Swětowe herbstwo
Bahasa Indonesia: Situs Warisan Dunia UNESCO
қазақша: Әлемдік мұра
Kiswahili: Urithi wa Dunia
Bahasa Melayu: Tapak Warisan Dunia
монгол: Дэлхийн өв
Nederlands: Werelderfgoed
Nedersaksies: Wealdarfgoodlieste
日本語: 世界遺産
norsk nynorsk: Verdsarv
Plattdüütsch: List vun dat Weltarv
саха тыла: Аан дойду Утума
Simple English: World Heritage Site
српски / srpski: Светска баштина
srpskohrvatski / српскохрватски: Svjetska baština
Basa Sunda: Loka Warisan Dunya
svenska: Världsarv
татарча/tatarça: Бөтендөнья мирасы
Türkçe: Dünya Mirası
Tiếng Việt: Di sản thế giới
吴语: 世界遗产
粵語: 世界遺產
中文: 世界遗产