Rektaszensioun

Rektaszensioun an Deklinatioun
Himmelsequator an Ekliptik

D'Rektaszensioun; D'Ofkierzung: α, RA (engl. Right Ascension) ass an der Astronomie de Wénkel tëscht dem Längtegrad vum Fréijoerspunkt bis zum Längtegrad, iwwer deem den observéierten Objet steet, um Equatorplang gemooss. Hien ass d'Passung op der (imaginärer) Himmelskugel zu de geographesche Längekreesser op der Äerd .

Equatoriale Koordinatesystem

D'Rektaszensioun ass déi eng Koordinat vum equatoriale Koordinatesystem, déi aner heescht Deklinatioun (δ).

Als Nullpunkt vun der Rektaszensioun déngt dobäi de Fréijoerspunkt. D'Rektaszensioun, déi bei de Positiounsdonneeë vun Himmelsobjete gebraucht gëtt, gëtt vun Norden aus betruecht géint den Auerzäresënn gemooss.

An der Astronomie huet sech duerchgesat, fir d'Rektaszensioun net a Grad, awer an der Zäitmooss, a Stonnen unzuginn, wobäi 24 Stonne mat 360 Grad gläichgesat ginn.

α an δ loosse sech mat der Ekliptikschréiegt ε an d'ekliptikal Längt λ a Breet β ëmrechnen – kuckt de klengen Dräieck riets op der Skizz. Dës Koordinatentransformatioun ass fir d'Berechnung vun de Planéitenëmlafbunnen an anere Kierper vum Sonnesystem onerléisslech.

Other Languages
Afrikaans: Regte klimming
العربية: مطلع مستقيم
asturianu: Ascensión reuta
azərbaycanca: Birbaşa çıxma
বাংলা: বিষুবাংশ
беларуская (тарашкевіца)‎: Простае ўзьняцьцё
български: Ректасцензия
bosanski: Rektascenzija
čeština: Rektascenze
Deutsch: Rektaszension
eesti: Otsetõus
Ελληνικά: Ορθή αναφορά
Esperanto: Rektascensio
euskara: Igoera zuzen
français: Ascension droite
Gaeilge: Dronairde
한국어: 적경
հայերեն: Ուղիղ ծագում
hrvatski: Rektascenzija
Bahasa Indonesia: Asensio rekta
íslenska: Tímahorn
latviešu: Rektascensija
lietuvių: Rektascensija
македонски: Ректасцензија
मराठी: विषुवांश
Bahasa Melayu: Jarak hamal
Nederlands: Rechte klimming
日本語: 赤経
norsk nynorsk: Rektasensjon
Plattdüütsch: Rektaszension
polski: Rektascensja
português: Ascensão reta
Simple English: Right ascension
slovenčina: Rektascenzia
slovenščina: Rektascenzija
српски / srpski: Rektascenzija
srpskohrvatski / српскохрватски: Rektascenzija
svenska: Rektascension
татарча/tatarça: Туры калкулык
Türkçe: Sağ açıklık
українська: Пряме піднесення
Tiếng Việt: Xích kinh
中文: 赤经