Nobelpräis fir Physik

Den Nobelpräis fir Physik ass eng vu fënnef Kategorie vum Nobelpräis a gëllt als déi héchst Auszeechnung fir Leeschtungen um Gebitt vun der Physik. Hie gëtt zesumme mat deenen anere Kategorie vum Präis, mat Ausnam vum Friddenspräis, all Joer zu Stockholm den 10. Dezember iwwerreecht, dem Doudesdag vum Präisstëfter Alfred Nobel (18331896).

Nom Testament vum Nobel soll de Präis an d'Geld un déijéineg Persoun goen, déi am deem betraffene Gebitt der Mënschheet am vergaangene Joer dee gréissten Notze bruecht huet. De Präis ass a fënnef Kategorien agedeelt, op déi d'Präisgelder zu gläichen Deeler verdeelt ginn. De Physikpräis soll un deejéinege goen, deen "um Gebitt vun der Physik déi bedeitendst Entdeckung oder Erfindung gemaach huet". Den Nobelpräis gëtt an der Kinneklech Schwedescher Akademie vun de Wëssenschaften verginn.

Other Languages
беларуская (тарашкевіца)‎: Нобэлеўская прэмія ў галіне фізыкі
Bahasa Indonesia: Nobel Fisika
norsk nynorsk: Nobelprisen i fysikk
oʻzbekcha/ўзбекча: Fizika boʻyicha Nobel mukofoti
Plattdüütsch: Nobelpries för Physik
português: Nobel de Física
srpskohrvatski / српскохрватски: Nobelova nagrada za fiziku
Tiếng Việt: Giải Nobel Vật lý