Io (Mound)

Io
(Jupiter I)
Jupitermond Io, opgeholl aus engerDistanz vun 130.000 km vun derRaumsond Galileo den 3. Juli 1999
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 421.800 km
Periapsis 420.100 km
Apoapsis 423.500 km
Exzentrizitéit 0,0041 [1]
Ëmlafzäit 1,769 Deeg
Ëmlafvitess 17,3 km/s
Inklinatioun 0,04°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser   3643,2 km
Mass  8,94 × 1022 kg
Dicht  3,56 g/cm3
Albedo  0,61
Visuell Magnitude 5,0 mag
Entdeckung
Entdecker  Galileo Galilei
Entdeckungsdatum  7. Januar 1610

Den Io [ iʔo] (och Jupiter I) ass dee bannenzege vun de véier gréisste Mounde vum Planéit Jupiter a mat engem Duerchmiesser vun 3643 km den drëttgréisste Mound vum Jupiter an de véiertgréisste Mound an eisem Sonnesystem.

Seng Eegenheet ass een extreme Vulkanismus, dee vu kengem aneren Himmelskierper am Sonnesystem iwwerbuede gëtt. Bekannt gouf dëse Mound duerch déi éischt Miessung vun der Liichtvitess duerch den Ole Rømer am Joer 1676 unhand vun observéierte Verdäischterungszäite vum Io an Ofhängegkeet vun der Jupiterstellung zu der Äerd.

Entdeckung

D'Entdeckung vum Io gëtt dem italienesche Geléierte Galileo Galilei zougesprach, deen am Joer 1610 säin einfacht Teleskop op de Jupiter geriicht hat. Déi véier grouss Mounden Io, Europa, Ganymed a Kallisto ginn dofir och Galiléiesch Mounden genannt.

Benannt gouf de Mound no der Io, aus der griichescher Mythologie eng Frëndin vum Zeus (gläichgestallt mat dem réimesche Jupiter). Obschonn den Numm Io kuerz no senger Entdeckung vum Simon Marius virgeschloe gouf, konnt hie sech iwwer laang Zäit net duerchsetzen. Eréischt an der Mëtt vum 20. Joerhonnert koum hien nees an de Gebrauch. Virdrun war den Io nëmme mat der Bezeechnung Jupitermound I bekannt.

Déi Galiléiesch Mounde si sou hell, datt ee se scho mat engem klengen Teleskop kann observéieren.

Other Languages
Afrikaans: Io (maan)
Alemannisch: Io (Mond)
العربية: آيو (قمر)
asturianu: Ío (lluna)
azərbaycanca: İo
Bân-lâm-gú: Io (oē-chheⁿ)
беларуская: Іо (спадарожнік)
беларуская (тарашкевіца)‎: Іо (спадарожнік Юпітэра)
български: Йо (спътник)
bosanski: Ija (satelit)
brezhoneg: Io (loarenn)
čeština: Io (měsíc)
corsu: Io
Cymraeg: Io (lloeren)
dansk: Io (måne)
Deutsch: Io (Mond)
eesti: Io (kuu)
Ελληνικά: Ιώ (δορυφόρος)
English: Io (moon)
español: Ío (satélite)
Esperanto: Ioo (luno)
euskara: Io
فارسی: آیو (قمر)
français: Io (lune)
Gaeilge: Io (gealach)
galego: Ío (lúa)
한국어: 이오 (위성)
Հայերեն: Իո (արբանյակ)
हिन्दी: आयो (उपग्रह)
hrvatski: Ija (mjesec)
Bahasa Indonesia: Io
íslenska: Íó (tungl)
italiano: Io (astronomia)
עברית: איו (ירח)
ქართული: იო
қазақша: Ио (серік)
Кыргызча: Ио
лезги: Ио
latviešu: Jo (pavadonis)
lietuvių: Ijo (palydovas)
magyar: Ió (hold)
македонски: Ија (месечина)
മലയാളം: അയോ
Bahasa Melayu: Io (bulan)
Mìng-dĕ̤ng-ngṳ̄: Io (ôi-sĭng)
Mirandés: Io
монгол: Ио (дагуул)
Nederlands: Io (maan)
日本語: イオ (衛星)
norsk: Io (måne)
norsk nynorsk: Jupitermånen Io
occitan: Io (luna)
پنجابی: آئیو
Plattdüütsch: Io (Maand)
português: Io (satélite)
română: Io (satelit)
русский: Ио (спутник)
Scots: Io (muin)
sicilianu: Io (satèlliti)
සිංහල: අයෝ
Simple English: Io (moon)
slovenčina: Io (mesiac)
slovenščina: Io (luna)
српски / srpski: Ија (сателит)
srpskohrvatski / српскохрватски: Io (mjesec)
suomi: Io (kuu)
svenska: Io (måne)
Tagalog: Io (buwan)
татарча/tatarça: Ио (иярчен)
тоҷикӣ: Ио (радиф)
Türkçe: İo (uydu)
українська: Іо (супутник)
Tiếng Việt: Io (vệ tinh)
文言: 木衛一
Winaray: Io (bulan)
粵語: 木衛一
中文: 木卫一