Internationalen Eenheetesystem

Den Internationalen Eenheetesystem verkierpert de moderne metreschte System an ass deen am wäitste verbreeten Eenheetesystem fir physikalesch Eenheten.

Den SI-Eenheetesystem ass opgrond vun de Fuederunge vu Wëssenschaft a Fuerschung entstanen, mä et ass mëttlerweil och dee predominanten Eenheetesystem vun Ekonomie an Handel ginn. A ville Staaten, wéi z. B. och zu Lëtzebuerg, ass de Gebrauch vum SI-Eenheetesystem am administrativen oder geschäftleche Schrëftverkéier gesetzlech virgeschriwwen.

Déi 7 Basiseenheeten

D'Definitioune vun de Basiseenheeten a -gréisste vum SI sinn net definitiv, mä evoluéiere mam fortschrëttleche Stand vun der Miesstechnik. Am SI entspriechen déi siwe Basisgréissten de siwe Basiseenheeten. Fir kënnen d'Basiseenheete bei verschiddene Gréissteskalen ze gebrauchen, hëlt ee bestëmmte Virsilben wéi "Kilo-" oder "Milli-".

Gréisst Formelzeechen Numm Eenheetenzeechen Definitioun
Längt Meter m Längt vun der Distanz, déi d'Luucht am Vakuum an enger 1/299 792 458 Sekonn zréckleeft
Mass Kilogramm kg Eenheet vun der Mass; entsprécht der Mass vum Internationale Kilogrammprototyps2)
Zäit Sekonn s dat 9 192 631 770facht vun der Periodendauer vun der Stralung, déi dem Iwwergank tëscht den zwéin hyperrenge Strukturniveaue vum Grondzoustand vun Atomer vum Nuklid 133Cs entsprécht.
Stroumstäerkt Ampère A Stäerkt vun engem konstante Stroum, deen duerch zwee parallel, gruedlinneg, onendlech laang an am Vakuum ee Meter vuneneen ewech placéiert Leeder fléisst, tëscht dëse Leedere pro Meter Längt déi Kraaft vun 2 · 10 −7 Newton ervirrifft.
Thermodynamesch Temperatur Kelvin K den 273,16-ten Deel vun der thermodynamescher Temperatur vum Tripelpunkt vum Waasser1)
Quantitéit vu der Matière Mol mol d'Quantitéit vun der Matière vun engem System, deen aus genee souvill Eenzeldeelercher besteet, wéi Atomer an 0,012 Kilogramm vum Kuelestoffnuklid 12C sinn.
Liichtstäerkt Candela cd Liichtstäerkt an enger bestëmmter Direktioun vun enger Stralungsquell, déi monochromatesch Stralung vun der Frequenz 540 · 1012 Hertz ausstraalt an där hir Stralstäerkt an dëser Richtung (1/683) Watt duerch Steradiant bedréit
1) Déi aktuell Definitioun kënnt vun der Internationaler Temperaturskala aus dem Joer 1990 ( ITS-90) hir. Tëscht den Zuelewäerter vun der thermodynamescher Temperatur an der Celsiustemperatur besteet den Zesummenhang:
2) Zur Zäit gëtt un enger neier Definitioun vun der Masseneenheet geschafft, déi op der Atommass an net méi op engem Prototyp baséiere soll (kuckt heizou den Artikel Kilogramm).
Other Languages
Afrikaans: SI-stelsel
Alemannisch: SI-Einheitensystem
Аҧсшәа: СИ
беларуская (тарашкевіца)‎: Міжнародная сыстэма СІ
bosanski: SI sistem
čeština: Soustava SI
eesti: SI
Fiji Hindi: SI
한국어: 국제단위계
Bahasa Indonesia: Sistem Satuan Internasional
къарачай-малкъар: ЁС
lietuvių: SI (sistema)
Limburgs: SI
la .lojban.: treci'e
Nederlands: SI-stelsel
नेपाल भाषा: एस् आइ
日本語: 国際単位系
Nordfriisk: SI-süsteem
norsk nynorsk: SI-systemet
oʻzbekcha/ўзбекча: Xalqaro birliklar tizimi
polski: Układ SI
Ripoarisch: SI-Basiseinheite
Runa Simi: SI tupuy
Scots: SI
Sesotho sa Leboa: SI
shqip: Sistemi SI
slovenčina: SI
slovenščina: Mednarodni sistem enot
словѣньскъ / ⰔⰎⰑⰂⰡⰐⰠⰔⰍⰟ: Мєждоународьнъ мѣръ сѷстима
Soomaaliga: Horgale (Fiisikis)
srpskohrvatski / српскохрватски: Međunarodni sistem јedinica
татарча/tatarça: СИ
Tiếng Việt: SI
文言: 萬國公制
West-Vlams: SI-systèm
žemaitėška: SI