Candela

Candela [kanˈdeːla] , (laténgesch fir Käerz) ass d'SI-Basiseenheet vun der Liichtstäerkt, dat heescht dee vun engem Objet an eng Richtung ausgestraalte Liichtstroum pro Raumwénkeleenheet (Steradiant, sr), gemoosst a grousser Distanz vun der Liichtquell.

De Candela ass eng photometresch Eenheet. Fréier Definitioune vun der Liichtstäerkteneenheet hu sech op Referenzliichtquelle bezunn, mat deenen déi ze moossend Quell als méi oder manner hell verglach konnt ginn. Duerch déi modern Definitioun ass d'Liichtstäerkt fir eng bestëmmte Liichtwellelängt un d'Stralungsstäerkt an domat un d'SI-Eenheet Watt ugebonn. Iwwer déi genormte Kurv vun der spektraler Wahrnehmungsfäegkeet vum mënschlechen Aa kann déi Definitioun och op aner Wellelängten iwwerdroe ginn.

D'Wiel vun der Liichtstäerkt als photometresch Basisgréisst schéngt zunächst wéineg novollzéibar, well aus méi moderner Vue z. B. de Liichtstroum oder d'Liichtdicht als méi fundamental Gréisste kënnten ugesi ginn. Zur Ufangszäit vun der Photometrie awer, wéi de visuelle Verglach vu Liichtquellen am Vierdergrond stoung, war d'Liichtstäerkt déijeneg Eegenschaft vun de Quellen, déi am einfachsten engem Verglach zougänglech war an déi dohier als déi fundamental photometresch Gréisst agefouert gouf.

Eng gewéinlech Haushaltskäerz huet eng Liichtstäerkt vun ongeféier 1 cd.

Other Languages
asturianu: Candela
Bân-lâm-gú: Candela
беларуская: Кандэла
беларуская (тарашкевіца)‎: Кандэла
български: Кандела
བོད་ཡིག: ཁེན།
bosanski: Kandela
brezhoneg: Candela
català: Candela
čeština: Kandela
Cymraeg: Candela
dansk: Candela
Deutsch: Candela
eesti: Kandela
Ελληνικά: Κηρίο (φυσική)
English: Candela
español: Candela
فارسی: شمع (یکا)
français: Candela
Gaeilge: Caindéile
galego: Candela
한국어: 칸델라
հայերեն: Կանդելա
हिन्दी: कैंडिला
hrvatski: Kandela
Bahasa Indonesia: Candela
íslenska: Kandela
עברית: קנדלה
latviešu: Kandela
lietuvių: Kandela
magyar: Kandela
македонски: Кандела
Bahasa Melayu: Kandela
монгол: Кандел
Nederlands: Candela (eenheid)
日本語: カンデラ
norsk: Candela
norsk nynorsk: Candela
occitan: Candela
oʻzbekcha/ўзбекча: Kandela
ਪੰਜਾਬੀ: ਕੈਂਡੇਲਾ
Piemontèis: Candèila
Plattdüütsch: Candela (Eenheit)
polski: Kandela
português: Candela
русский: Кандела
Scots: Candela
Simple English: Candela
slovenčina: Kandela
slovenščina: Kandela
српски / srpski: Кандела
srpskohrvatski / српскохрватски: Kandela
suomi: Kandela
svenska: Candela
தமிழ்: கேண்டெலா
тоҷикӣ: Кандела
Türkçe: Kandela
українська: Кандела
اردو: کینڈیلا
Tiếng Việt: Candela
Winaray: Candela
粵語: 坎德拉
中文: 坎德拉